Häerzlech Wëllkomm op der neier Internetsäit vun eisem klenge Familljebetrib. Duerch de groussen Interessi an eis laangjäreg Beruffserfarung am Beräich vun der Ofwaasser-/Kanalisatiounstechnik hu mir eis am Joer 2019 dozou entscheed eisen eegene Betrib ze grënnen.  Zënterhier betreie mir eis Clienten zouverlässeg an opmierksam a bidden hinnen ëmmer déi adequaatst Déngschtleeschtung un.


Iwwert eis

Dominik Welsch

Gerant a qualifizéierten Aarbechter

 

Här Welsch geréiert zesumme mat senger Partnerin Sonja Joachim de Betrib a bekëmmert sech ëm déi technesch Affären.

Hien ass beim Client um Schantjen a suergt fir déi propper Ausféierung vun den Aarbechten.

Sonja Joachim

Gerante a Büro

 

 

D‘ Madamm Joachim bekëmmert sech ëm d‘ Dispositioun vun den Interventiounen, d‘ Bürosaarbechten a betreit Iech gären um Telefon.

 

Carlo Joachim

Qualifizéierten Aarbechter

 

 

Carlo ass zënter der Grënnung vun eisem Betrib am Team an ass allzäit um Terrain am Asaz.

Kevin Winter

Qualifizéierten Aarbechter

 

 

Kevin ass zënter 2020 am Betrib an ënnerstëtzt eist Team um Schantjen a betreit verschidden technesch Aufgaben.

Pierrot Bettendorf

Qualifizéierten Aarbechter

 

 

Pierrot ass den neiste Member an eiser Ekipp. Mat sengen handwierkleche Fäegkeeten  ënnerstëtzt hien eist Team tatkräfteg.



Déngschtleeschtungen